News

Maison Relais - Inscription pour l'année scolaire 2026/2027

D’Aschreiwunge fanne vum 1. bis den 30. Abrëll 2026 statt (zweschen 14.00 an 19.00 um rendez-de-chaussée vun der Schoul Martyrs).

D’Formulaire sou wéi all d’Detailer kënne iwwer d’Dimmi App oder um Site erofgeluede ginn.

De leschten Dag fir d’Umeldungen 2026/2027 ass donneschdes, den 30. Abrëll 2025 bis 24.00.

* * * * * * *

Les inscriptions auront lieu du 1er au 30 avril 2026 (entre 14.00 et 19.00 rendez-de-chaussée de l’école des Martyrs).

Les formulaires ainsi que les modalités d’inscription seront téléchargeables sur l’application mobile Dimmi et sur le site.

Le dernier jour pour les inscriptions 2026/2027 est le jeudi 30 avril 2025 à 24.00.

* * * * * * *

Registration will take place from 1st to 30 April 2026 (between 14.00 and 19:00 at the ground floor of the Martyrs school).

Registration forms and details will be available for download on the Dimmi mobile application and on the website.

The last day to hand in applications for 2026/2027 is Thursday April 30 2025 at 0.00 pm.

Publizéiert den 01-04-2026

Den neie Piwitsch ass do...

Schülerzeitung "De Piwitsch" vum Script

De Piwitsch ass net just ee Villchen, deen et zu Lëtzebuerg gëtt, mee zanter kuerzem de Maskottche fir déi nei Schülerzeitung vum Script.

Dat huet ee gudde Grond, de Villchen huet nämlech op sengem Kapp esou eppes wéi eng Antenn. Grad esou wéi ee Journalist, deen ëmmer op Empfang no neien Informatiounen ass.

En huet awer och ee spatze Schniewel, mat deem en no den Infoe gruewe kann an ee faarwegt Fiederkleed, well ee Journalist muss sech och fir all déi verschidden Themen interesséiere kënnen. Beim Projet sollen d'Schüler dann och selwer d'Roll vun engem Journalist iwwerhuelen.

Wat ass ‘De Piwitsch’?
‘De Piwitsch’ ass e Konzept fir d’Mediekompetenz vun de Schülerinnen a Schüler aus den Zyklen 3 a 4 vum Enseignement fondamental ze stäerken.

Et geet drëms, fir de Virwëtz an d’Kreativitéit, d’Loscht um Liesen an um Schreiwen, mee virun allem de kritesche Geescht vun de Kanner tëscht 8 an 12 Joer ze fërderen.


All Zeitungen vum "De Piwitsch "

Internetsäit vu "De Piwitsch"

Publizéiert den 29-04-2026

Festival de Cirque sous Chapiteau

L'unique festival sous chapiteau du Luxembourg

En piste, des artistes luxembourgeois et internationaux des spectacles professionnels et amateurs,…

Voire même une première création pour certains d'entre eux.
Un rendez-vous bisannuel à ne pas manquer et ouvert à tous les publics.

Date: du 28.04 - 10.05.2026
Lieu: Luxembourg-Kirchberg (derrière la Coque)

Zal­tim­banq' Zirkus - École de cirque de Luxembourg asbl
Programme de la Semaine de Cirque sous Chapiteau

Publizéiert den 22-04-2026

Run & Walk for Freedom and Peace

*** The funds will be donated to a charity supporting people affected by ongoing war conflicts ***

ON-SITE REGISTRATION AND BIB PICK-UP FROM 9:00 AM

START : HALL OMNISPORTS STRASSEN
KIDS START : 10:00 AM
MAIN START: 10:15 AM
CELEBRITY START : 10:30 AM

Vous payez sur place. 10 € par enfant, 15 € par adulte ou 40 € pour une famille (4p+).
Les t-shirts sont inclus dans le prix.

You pay on site. €10 per child, €15 per adult, or €40 for a family (4p+).
The T-shirts are included in the price.

Inscription : https://xcw7qklj.forms.app/runwalkforfreedomandpeace

Publizéiert den 27-04-2026

Kannergaart - Save the date 13 Juin

Le printemps fait la fête au « Kannergaart » :

Inauguration et activités nature le matin, puis pic‑nic en musique, le tout dans une ambiance chaleureuse et festive.

Ça se passe au 9 rue Feyder à Strassen !


N’attends plus et inscris‑toi dès maintenant ! »

Publizéiert den 10-04-2026

Projet : Vum Ee zum Hong

An der Klass vun der Madame Fabienne Casel ass an de leschte Wochen e ganz besonnesche Projet ëmgesat ginn, mat der Hëllef vun der Madame Corinne Franck (Member vun der Société avicole de Belvaux): “Vum Ee zum Hong”. Mat vill Begeeschterung a Virwëtz hunn déi kleng Kanner aus dem Cycle 1, d’Wonner vum Liewe mat erlieft.

Alles huet mat e puer Eeër ugefaangen, déi virsiichteg an en Inkubator geluecht goufen. All Dag während 21 Deeg hunn d’Kanner an d’Léierin zesummen där Saach nogekuckt an iwwer d’Entwécklung vum Ee zum Jippelchen geschwat.

Den Héichpunkt war natierlech de Moment, wou déi éischt Jippelcher geschlüpft sinn. D’Kanner waren immens begeeschtert an och e bëssen erstaunt an ängschtlech, esou e klengt Liewewiesen an den Hänn ze halen. Et war e Moment, deen een net esou séier vergësst.

Eng Woch laang duerften d’Jippelcher an der Klass bleiwen, wou si gefiddert, observéiert a verwinnt goufen. Dono goufen si an eng Wiss bruecht, wou si elo méi Plaz hunn a sech weider entwéckele kënnen.

Als Ofschloss vum Projet gouf eng Porte ouverte organiséiert. D’Eltere waren invitéiert, fir d’Resultater ze gesinn, Fotoen ze kucken an d’Erfarunge vun de Kanner ze héieren. D’Kanner hu mat vill Stolz erzielt, wat si alles geléiert hunn.

Dëse Projet wäert sécher laang an Erënnerung bleiwen: en huet net nëmme Wësse vermëttelt, mee och d’Freed um Léieren, d’Gefill vu Verantwortung an eng grouss Portioun Begeeschterung bei Grouss a Kleng.

Publizéiert den 02-04-2026

SICONA KIDS: Natur erliewen an der Gemeng

D’Naturdetektive vum SICONA ënnerwee an der Gemeng Stroossen mam Lise fir de cycle 2-4.

Programm: Abrëll - Oktober:

14.04.2026 | 14:30-17:00 | Bëschdetektiven op Spueresich
21.04.2026 | 14:30-17:00 | Schnitzen: Zauberstab, Wanderbengel oder Ketten
07.05.2026 | 14:30-17:00 | Naturdetektiven: mat Lupp a Spektiv ënnerwee

16.05.2026 | 09:30-14:30 | Bësch-Kichen
29.05.2026 | 09:30-12:00 | Bam-Bingo
06.06.2026 | 09:30-12:00 | Ob der Juegd nom Bëschschatz
13.06.2026 | 09:30-12:00 | Schnitzen: Zauberstab, Wanderbengel oder Ketten
04.07.2026 | 09:30-14:30 | Mat den Hüttenhelden op Missioun
18.07.2026 | 09:30-12:00 | Flooss- a waasserweeër bauen
22.08.2026 | 09:30-12:00 | Vakanz am Bësch
26.09.2026 | 09:30-14:30 | Jickebunn
03.10.2026 | 09:30-12:00 | Leckeres aus der Natur

Détail an Umelldung fann dir am Flyer

Publizéiert den 01-04-2026

Bildschirme in der Familie / Les écrans en famille 3-6-9-12+

UMGANG, AUFKLÄRUNG UND BEGLEITUNG

Dieses Poster bietet Eltern eine Orientierungshilfe, die sie den Bedürfnissen und der Reife ihres Kindes anpassen können.

GÉRER, ÉDUQUER ET ACCOMPAGNER

Cette affiche donne une ligne de conduite aux parents qui peuvent l’adapter en fonction des besoins et de la maturité de leur enfant.

Publizéiert den 25-03-2026

Coupe scolaire 2026 - Fräiwelleger - bénévoles - volonteers

15.05.2026

13.30 - 16.30

D'Elterevereenegung sicht Fräiwëlleger - l'association des parents d'élèves cherche des bénévoles - The Strassen Parents Association is looking for volunteers.

Publizéiert den 23-03-2026